
A wéineg Länner an Europa ass d'Léift zum Auto esou grouss ewéi zu Lëtzebuerg. Mat 670 Autoen op 1.000 Persoune läit eis Land reegelméisseg ënnert den EU-Membere mat dem meeschten Autoe pro Awunner. Dat kritt een och all Dag am Trafic ze spieren.
Och Malta ass ënnert de Spëtzereider, wat d'Unzuel vun den Autoe pro Awunner betrëfft. Ma hei ass d'Regierung op eng ongewéinlech Léisung komm: Hal fir fënnef Joer fräiwëlleg op mat fueren a gëff dofir bezuelt. Konkret funktionéiert dat esou: Jiddereen, deen 30 Joer oder manner huet, ka säi Führerschäi fir fënnef Joer ofginn a kritt dofir pro Joer 5.000 €, also 25.000 € am Ganzen. Fir sech fir dës Mesure ze qualifizéieren, muss een zanter op d'mannst siwe Joer op Malta wunnen an zanter op d'mannst zwielef Méint e Fürerschäin hunn.
Dat hänkt dovun of, wien ee freet. Am "TomTom-Trafic-Index" steet Lëtzebuerg op der siwenter Plaz vun de Länner mam meeschten Trafic. Malta steet op Plaz eent.
Jiddereen, deen am Beruffstrafic an d'Stad fiert, wäert dësem Ranking wuel zoustëmmen, awer et ginn Unzeeche fir e Wandel: 77 Prozent vun de Leit, déi op hir Aarbecht fueren, sinn der Luxmobil-Etüd fir d'Joer 2025 no mat hirem Trajet zefridden.
Zanter 2017 ass iwwerdeems d'Zuel vun de Leit, déi "Caarpooling" maachen – also zu puer zesumme mat engem Auto fueren – oder den ëffentlechen Transport notzen, méi séier geklommen ewéi d'Zuel vun deenen, déi eleng mam Auto fueren. Trotzdeem ass d'Zuel vun den Autoen op de Stroosse kontinuéierlech op iwwer 460.000 am Joer 2026 geklommen. De gratis ëffentlechen Transport huet gehollef, ma e schéngt eleng net duerzegoen, fir d'Leit aus den Autoen ze kréien.
Ma vläicht hëllefe jo 25.000 Euro, fir d'Leit zu Lëtzebuerg zum Verzicht op den Auto ze iwwerzeegen. D'Kolleege vun RTL Today hu Passanten déi hypotheetesch Offer gemaach. Ma fir déi meescht war et keng Fro vun de Suen. Esoulaang Bus an Zuch net an hiert Duerf fueren, bleift et beim Auto.
Op Malta kann de Plang mat de Sue vläicht funktionéieren, ma hei am Land schéngt de wierkleche Wäert vum Auto net an Euroe gemooss ze ginn.