"Mann mam gëllenen Aarm" James Harrison am Alter vun 88 Joer gestuerwen

© AFP
Well a sengem Blutt e seelenen Antikierper war, ass den James Harrison 63 Joer laang spende gaangen. Trotz Angscht viru Sprëtzen.
Den Australier James Harrison ass am Alter vun 88 Joer gestuerwen. De fréieren Employé vun der nationaler Bunn ass de 17. Februar an engem Heem am New South Wales verscheet. Säi Bluttplasma huet en zum Held vu sëllegen Elteren a Kanner gemaach.
Seelen Antikierperen
Den Harrison hat den Antikierper Anti-D a sengem Blutt, deen ongebuere Kanner virun der sougenannter Hämolytescher Erkrankung schützt. Dobäi gräift den Immunsystem vun der schwangerer Fra déi rout Bluttkierpercher vum Fötus un. Des Krankheet trëtt meeschtens dann op, wann d'Bluttgrupp vun der Mamm rhesus-negativ and déi vum Puppelche rhesus-positiv ass. Bei ronn 17% vun den australesche Schwangerschafte wier dat de Fall.

© AFP
Trotz senger Angscht viru Nolen hat den Harrison zanter sengem 18. Gebuertsdag 1954 ganzer 1173x Blutt gespent, bis en 2018 huet mussen domat ophalen. 2005 war hien dofir an d'Guinness-Buch vun de Rekorder komm. Hie konnt souguer Membere vu senger eegener Famill hëllefen. Doktere ginn dovun aus, dass hien am Alter vu 14 Joer opgrond vun enger Bluttransfusioun wärend enger Longenoperatioun eng héich Konzentratioun un Anti-D entwéckelt hat.
Modest, awer witzeg
Den James Harrison war zréckhalend, bescheiden, an awer och e witzege Mann, dee vum australesche Roude Kräiz zu recht als "Mann mam gëllenen Aarm" bezeechent gëtt. Iwwer d'Joerzéngten huet hien esou engen 2,4 Millioune Puppelcher d'Liewe gerett mat senge Spenden.