De schlofende Ris, dee wäerten déi Meescht nach aus der Kandheet kennen. Ma dësen ass den 29. Mäerz rëm aus dem Wanterschlof erwäscht.

D'Wanterpaus gëtt vum Personal vum Beetebuerger Park all Joer dofir genotzt, ze reparéieren, ze modifizéieren an nei Attraktiounen en place ze setzen. Dëse Wanter gouf da ganz vill geschafft an d'Visiteure kënne sech op nei Déieren, eng nei Spillplaz an en nach méi konterbonte Park freeën.

Mir konnten am Virfeld hannert d'Kulisse kucken a souguer bei deem engen oder aneren Déier de Bols fillen.

De Parc Merveilleux gouf 1956 gegrënnt an 1997 vun der APEMH iwwerholl. Zanterdeem besteet en Deel vun de Mataarbechter aus Leit mat spezielle Besoinen. Mëttlerweil sinn eng honnert Leit mat Handicap am Park aktiv an en Deel vun der Ekipp.

Déi offiziell Ouverture war e Freideg, den 28. Mäerz. Zanter e Samschdeg ass de Park da rëm all Dag vun 9.30 Auer bis 19 Auer fir de Public op.