Op der PompelDäitlech Hausse bei Bensinn, Diesel a Masutt

RTL Lëtzebuerg
D'Pëtrolsproduite klamme vun e Mëttwoch un ëm bis zu 11 Cent pro Liter.
© AFP

Ugefaange mat den zwou Zorte Bensinn, déi béid ëm 7 Cent pro Liter eropginn. Dofir muss een da vum 12. August u fir ee Liter 95er 1,689 Euro bezuelen, de Liter 98er kascht esouguer 1,844 Euro.

De Liter Diesel geet ëm 10,6 Cent erop a kascht da vun e Mëttwoch un 1,904 Euro. Déi gréissten Hausse gëtt et awer beim Masutt, well dëse klëmmt ëm 11 Cent pro Liter op 1,399 Euro.

© RTL Grafik

Back to Top
CIM LOGO