Mann demoléiert zwou Statuen

© AFP
Am Musée vun der weltbekannter Terracotta-Arméi a China ass e Mann iwwer den Zonk gesprongen an huet zwou Figure beschiedegt. Hie gouf festgeholl.
Am Musée vun Xi'an ass e Chines iwwer d'Ofspärung an iwwer d'Sécherheetsnetz geklommen an huet zwou vun de wäertvolle Statue beschiedegt. Der Internetsäit vum Musée no geet et do méi wéi 5 Meter an d'Déift. Aenzeien no hätt den 30 Joer ale Mann direkt un den anticke Figure gezunn a gedréckt, éiert hie vum Sécherheetspersonal iwwerwältegt konnt ginn. Vun offizieller Säit heescht et, de Mann hätt psychesch Problemer gehat.
Déi sougenannten Terracotta-Arméi ass ronn 200 Joer viru Christus kreéiert ginn an déi ronn 8.000 Figuren, déi iwwer d'Graf vum éischte Keeser Qin Shi Huang waachen, gehéieren zanter 1987 zum UNESCO-Weltkulturierwen an zielen zu de wichtegsten archeologeschen Entdeckungen an Asien. Iwwer de Grad vun de Beschiedegungen an d'Käschte vun der Restauratioun ass nach näischt gewosst.