Een éischter ongewéinlechen Incident gouf et e Samschdeg am Nomëtteg a Bayern an Däitschland.

Een aggressiven, iwwer zwee Meter laange Fësch huet e Samschdeg an engem Séi am bayresche Weissenburg-Gunzenhausen fënnef Leit blesséiert.

D'Police huet de ronn 90 Kilogramm schwéiere Risewels erschoss. De Fësch hat sech eng ganz Zäit laang bei enger Schwamm-Insel am Séi opgehalen an huet do dunn ëmmer nees Leit attackéiert.

De Wels oder och nach Katzefësch genannt, ass de gréisste Séisswaasserfësch an Europa a suergt grad an Däitschland ëmmer mol nees fir Opreegung. 2003 gouf et zu Mönchengladbach och e Wels an engem Weier, deen duerno als "Kuni, de Killerwels" international bekannt gi war. Et gëtt behaapt, de Fësch hätt e jonken Dackel ofgeschléckt.