D'Foire Agricole war dëse Weekend an den Däichwisen zu Ettelbréck an an digitaler Form op RTL.lu.

Mat 43.700 Visiteuren iwwert déi lescht dräi Deeg war d'Foire agricole de Weekend nees e grousse Succès. Déi nächst Editioun ass fir de Weekend vum 3. bis de 5. Juli 2026 geplangt, hescht et an engem Communiqué e Méindeg.

Déi 42. Editioun vun der Foire Agricole zu Ettelbréck war dëst Joer en duebelt Event. Trotz dem Reen um Sonndeg goufen op deenen dräi Deeg bal 44.000 Visiteure gezielt an et hunn eng 330 Exposanten an Organisatiounen aus der Landwirtschaft matgemaach. Och eng 500 Déiere waren derbäi.

Déi landwirtschaftlech Foire an den Däichwisen ass ëmmer méi eng Konsumente-Foire, wou en intensiven Austausch mam Verbraucher an der Gesellschaft leeft. Dat stäerkt och d’Unerkennung vun de landwirtschaftleche Beruffer an der Gesellschaft.

D'Editioun 2025 stoung ënnert dem Motto "100 % Bio – vum Feld op d’Forschett". Komplementar zum Site an den Däichwise konnt een dat Ganzt och nees digital suivéieren op RTL.lu an fae.lu, op POST TV an op de sozialen Netzwierker vun der Foire Agricole.

Zousätzlech ass d’Gemeng Ettelbréck dëst Joer och Gaaschtgemeng vun der temporärer Ausstellung LUGA – Luxembourg Urban Garden, déi vum 7. Mee bis den 18. Oktober 2025 stattfënnt.

D'Foire Agricole am Replay

Freideg, de 4. Juli

Samschdeg, de 5. Juli

Sonndeg, de 6. Juli

IFrame Sonndeg

Fotoe vun der Foire Agricole zu Ettelbréck 2025