
Nodeems de Poopst Paräis a Lourdes besicht huet, wäert hien op sengem véierten a leschten Dag a Frankräich op Metz kommen. Et ass do déi éischt Visitt vun engem Poopst zanter dem Jean-Paul II. 1988.
No der Landung um 9:20 Auer um Fluchhafe Metz-Nancy-Lorraine wäert dem Leo XIV. säi Cortège an de Quartier vum Amphithéatre zu Metz fueren, fir un enger inter-reliéiser Renconter deel ze huelen. Am Kongresszentrum Robert Schuman wäert hien, an englescher Sprooch, um 11 Auer en Discours iwwer Europa halen. Dëse wäert iwwer grouss Ecranen op verschiddenen Plazen an der Stad live iwwerdroe ginn, ënnert anerem um Parvis des Droits de l'Homme an op der Place de la République.

Mam "Papamobile" geet et vun 14:30 Auer un duerch den Zentrum vu Metz. Avenue Foch, Porte Serpenoise, Place de la République an Esplanade, iwwer 2 Kilometer wäert den Tracé goen. Plaze ronderëm d'Kathedral an de sougenannte "pape zones" kënnen am Viraus reservéiert ginn, fir besonnesch no um Hellege Papp ze sinn. An der Cathédrale Saint-Etienne wäert um 16 Auer och eng Mass op franséisch gehale ginn, fir déi et awer keen ëffentlechen Zougang gëtt. Trotzdeem kann ee via grouss Ecranen och do dobäi sinn. Méi wéi 10.000 Leit ginn eleng am Beräich vun der Kathedral zu Metz erwaart.
De Poopst Leo XIV. wäert viraussiichtlech owes um 19 Auer erëm an de Fliger klammen. Liest HEI de ganze Programm vum Dag.
Tëscht 50.000 an 100.000 Leit gi sech zu Metz erwaart. Méi wéi 6.300 Polizisten, Pompjeeën, Gendaarmen a Sécherheetsleit wäerten am Asaz sinn. Schonn den Dag virdru wäerten an der Stad déi néideg Virkéierunge getraff ginn, fir d'Sécherheet ze garantéieren. Eleng 11 Kilometer Barrièrë wäerten opgeriicht ginn. Donieft sollen de Betrib an den Alldag vun der Stad esou normal weider kënne goen, wéi méiglech. Geschäfter a Schoule wäerten deen Dag net zou bleiwen. No 7 Auer moies wäerte keng Autoe méi dierfen an de gespaarte Beräich fueren an och keng Gefierer dodra parken. Déi ënnerierdesch Parkinge wäerten och all zou bleiwen, sou dass et kee Sënn mécht, deen Dag mam Auto op Metz ze fueren, recommandéiert de Buergermeeschter vu Metz François Grosdidier.

Déi stättesch Busser wäerten den 28. September zwar gratis sinn, awer net all op hire gewinnte Strecke fueren dierfen. Ze Fouss goen ass also net z'evitéieren. Ofgesi vun den Zonen, fir déi een eng Invitatioun brauch, dierf ee sech fräi beweegen, geleeëntlech Kontrollen net ausgeschloss. Vu, datt fir deen Dag extra Zich ugefrot sinn, ass de Bléck op de Farplang vun der franséischer Eisebunn sécher eng interessant Optioun. Dobäi gëllt ze beuechten, dass den Accès vun der Metzer Gare zur Säit vum Centre Pompidou aus Sécherheetsgrënn wäert zoubleiwen.
Et ass net offiziell confirméiert, awer Ufank September getest ginn. D'Blockéiere vun der A31, fir de Poopst vum Fluchhafe bei de Kongresszentrum ze féieren. Donieft sinn awer och zwou aner Routë virgesinn, fir eng Partie vun der Delegatioun an den Zentrum ze kréien. Moies an owes kéint d'A31 also zweemol fir jeeweils ronn 20 Minutte vun der Police blockéiert ginn.
Weider Informatioune liest Dir nach bei de Kolleege vun RTL Infos.