Kleng Gromperen duerch DréchentAn nächster Zäit zerwéieren d'Belsch just kleng Fritten

RTL mat AFP
D'Dréchent huet dofir gesuergt, dass bei eise belschen Nopere just kleng Grompere gewuess sinn. En Dilemma fir d'Fritten-Industrie.
Dat geet definitiv net duer fir uerdentlech Fritten.
Dat geet definitiv net duer fir uerdentlech Fritten.
© JOHN THYS/AFP

De Bauer Mathieu Comijn kuckt op seng Knollen, déi hien op sengem Gromperefeld gezunn huet: se si kaum méi grouss wéi en Dëschtennis-Ball. "Wéi solle mir do eng Fritt draus schneiden?", freet hie sech. "Normalerweis musse si op d'mannst véiermol sou grouss sinn".

Dem Bauer vun Amay net wäit vu Léck geet et wéi villen anere belsche Kolleegen dëst Joer, si hunn eng schlecht Recolte duerch d'Wiederkonditiounen. Et hätt zum Beispill um Enn vum Fréijoer vill gereent an direkt dono gouf et op ganz ville Plazen an Europa immens waarm an dréchen. De Buedem huet doduerch kompakt Klompe gebilt. An esou engem Buedem kënnen d'Grompere schlecht ootmen a packen et net, hir gewéinlech Gréisst z'erreechen.

"Esou eppes hunn ech nach ni gesinn", sou nach de Comijn géintiwwer der Noriichtenagence AFP. An och säi Papp an de Siwwenzeger ka sech net un esou eent dréchent Wieder erënneren, ausser vläicht un déi historesch Canicule am Joer 1976. Um Feld vum Mathieu Comijn gi Grompere vun der Zort Bintje ugebaut, déi sech u sech besonnesch gutt zu schéinen, laange Fritte verschaffe loossen. Ma nëmmen ee Mount virun der offizieller Recolte wier keng vun de Grompere méi grouss wéi seng Handfläch.

Fir d'Famill ass dat tragesch, déi op 500 Hektar Gromperen ubaut. Si muss och ouni groussaarteg Recolte op hir Liwwerbeträg kommen. Als weltwäit gréissten Exporteur vun Tifkül-Fritte reegelt d'Belsch den Handel mat Grompere mat Hëllef vu ganz geneeë Virgaben. Nach virun der Recolte verhandele Baueren an Industrie iwwert d'Quantitéiten, déi ze liwwere sinn, an de Präis. Fir dës Verflichtungen anzehalen, muss de Betrib op d'Reserv vum leschte Joer zeréckgräifen, wéi et nach uerdentlech Grompere gewuess sinn. Et hätt ee schonn ugefaangen, se ewech ze geheien a Plaz ze maache fir déi nei Recolte. Ma elo géifen déi al Gromperen, déi an enger riseger Hal op 10 Grad Celsius gelagert ginn, d'Geld erabréngen.

Déi al Grompere ginn allerdéngs net duer. Dëst Joer wäerten d'Baueren och aner Zorte verkafe mussen, déi manner fir d'Fritteproduktioun geduecht sinn. Da wäerten net just d'Leit an de Frittebude motzen, och d'Präisser wäerte klammen. Do kann een dann nach esou dacks erklären, dass et un der Dréchent läit, d'Leit verstinn dat net, sou de Bauer Comijn.

De Bernard Lefèvre vertrëtt 4.500 Frittebuden an der ganz Belsch an huet dozou eng kloer Meenung: "Mol ofgesi vun enger Krankheet an der Kinneksfamill ass fir de Belsch déi zweetschlechtst méiglech Noriicht, dass de Präis vun de Fritte klëmmt". Allerdéngs hätt hien an de 25 Joer an der Frittebranche och scho Munches gesinn. "Et gëtt ëmmer e Problem: Entweder ze vill Grompere wéi lescht Joer. Fält de Präis vun de Grompere schwätzen d'Produzente vun enger Katastroph - oder et ass den aneren Extreem. An awer komme mer Joer vir Joer iergendwéi iwwer d'Ronnen."

Back to Top
CIM LOGO