Planespotter - en Hobby, dee begeeschtert "De Reiz ass et och, de Fliger mat enger gudder Luucht ze kréien"

Christophe Hochard
D'Communautéit vun de Planespotter hei zu Lëtzebuerg ass grouss. Eemol de Mount gesi si sech um Dach vum Skypark um Findel.

D'Planespotter, also Leit, déi ronderëm de Fluchhafe stinn a mat hirem Fotoapparat d'Fligere virun der Lëns knipsen. Et ass eng grouss Communautéit, vu jonk bis al.

Beim Lëtzebuerger Fluchhafe ginn et eng 6 verschidde Plazen, wou ee kann duerch den Zonk Fotoe maachen. Eemol de Mount treffe si sech dann op Invitatioun vu lux-Airport um Dach vum Skypark. Dës Initiativ leeft elo zanter zwee Joer. "Mir wollten de Spotter, déi sech soss ëmmer nëmme virum Zonk gesinn, eng Méiglechkeet bidden, sech eemol de Mount zesummen ze treffen. Eng Zort Afterwork, wou si sech ënnereneen austausche kënnen", sou den Alexander Flassak, Generaldirekter vu lux-Airport.

Den Alexander Flassak am Interview
Der Communautéit vun de Plane Spotter hei zu Lëtzebuerg eng Plattform ginn.

"Mir wollten déi ganz Airport-Community zesummebréngen. An dat si jo net nëmmen d'Passagéier, d'Airlines oder d'Noperen. Och déi Leit, déi sech fir d'Fligerei interesséieren a Fotoe vun de Fliger maache wollten, mir eng Plattform gi fir sech auszetauschen. Reegelméisseg kommen dann och Invitéë wei zum Beispill vun der Luxair oder Cargolux an erzielen eppes vun hirer Aarbecht."

Eng ronn 30 Spotter stounge rezent um Dach vum Skypark an hunn an den Himmel gekuckt. Am Grapp de Fotoapparat an de Fanger um Ausléiser. Een deen dacks um Findel steet, ass de Paul Link. Zanter 1986 knipst hie Fotoen. "D'Begeeschterung ass souvill wei méiglech Fligere virun d'Lëns ze kréien. Net nëmmen um Findel, mee weltwäit. Zil an de Reiz ass et och d'Fliger mat enger gudder Luucht ze kréien."

De Paul Link huet aktuell eng Sammlung vu ronn 80.000 Fotoe mat Fligeren. Op bal 500 verschidde Fluchhäfe war de passionéierten Hobbyfotograf bis ewell fir Fotoen ze maachen.  Wichteg ass et eng gutt Qualitéit u Fotoapparat ze hunn.

De Paul Link, e begeeschterte Planespotter, am Interview
D'Qualitéit vum Fotoapparat spillt eng wichteg Roll.

Op deem Donneschdeg, wou mir bei de Planespotter waren, war mam Claude Zehren och e Pilot vun der Cargolux dobäi. Och als Pilot wär een houfreg, wann ee vun de Spotter am Bild festgehale géif ginn. "Ech si ganz iwwerrascht. Ech hätt ni gegleeft, dass hei zu Lëtzebuerg souvill Leit sech deen Hobby erausgesicht hätten. Och flott ze gesinn, dass et fir deen Hobby keen Alter gëtt. Vu Jonk bis Al ass alles dobäi. Op een elo Pilot oder Spotter ass. Déi zwee interesséiere sech fir d'Fligerei."

"Et ass bewonnerenswäert, datt déi Leit dann och bei méi schlechte Wieder stonnelaang do stinn an op déi perfekte Foto waarden. All Gesellschaft ass frou, wann e säi Fliger a gudder Luucht gesäit. A gäre wénke mir de Fotografe mol aus dem Cockpit oder blénke mat de Luuchten", seet de Claude Zehren vun der Cargolux am RTL-Gespréich.

D'Planespotter géifen donieft och nach eng aner wichteg Roll iwwerhuelen.

De Claude Zehren am RTL-Interview
De Cargolux-Pilot ass frou iwwert den Interessi un der Fligerei.

Wärend 90 Minutte stoungen d'Planespotter um Dach vum Skypark an hu Fotoe gemaach.

Back to Top
CIM LOGO