Fir déi éischt Episod huet d'Fabienne Zwally de Wëssenschaftsjournalist a laangjärege "Hobbythek"-Presentateur Jean Pütz getraff, dat kuerz no sengem 90. Gebuertsdag.
90 Joer Wëssenschaft, Liewen a Glawen
De Jean Pütz ass engem breede Public virun allem duerch d’Wëssenschaftssendung "Hobbythek" um WDR bekannt ginn, déi hie vun 1974 bis 2004 matgepräägt huet. Iwwer Joerzéngten huet hien Naturwëssenschaften an Technik op eng verständlech a praktesch Aart a Weis erkläert.
Elo huet de Jean Pütz 90 Joer, en Alter, mat deem hie selwer net onbedéngt gerechent hat: "Also 90 Joer, dat hunn ech jo och net gewosst, datt ech sou laang [...] duerchhale géif. Meng Patréinerin ass d’Mutter Gottes, déi huet gehollef dobäi."
De Wëssenschaftsjournalist huet sech ëmmer mat de Froe ronderëm d'Liewen, d'Gesondheet an den Alter beschäftegt. Hien huet och Bicher iwwer ganz ënnerschiddlech Themen erausbruecht, ënnert anerem zum Thema Anti-Aging.
Seng Approche ass dobäi déi selwecht bliwwen: Wëssen soll verständlech sinn a virun allem nëtzlech fir d'Liewen: "Wann et gelies a gekuckt gëtt, dann ass et vill besser."
Seng Bicher a seng Aarebcht op der Tëlee hu Millioune vu Mënschen erreecht. Dobäi war säin Usproch ëmmer fir komplizéiert Zesummenhäng esou ze erklären, datt jidderee se verstoe kann.
A sengem Liewe gouf et awer och schwéier Momenter. De Jean Pütz schwätzt iwwer Krichserfarungen, Therapie an de Glawen. D’Mutter Gottes spillt a sengen Erzielungen eng wichteg Roll: "Ech sinn iwwerall ukomm, wou ech gewollt hunn."
Am "De Magazin Talk" kënnt och de Lëtzebuerger Wëssenschaftsjournalist Ranga Yogeshwar zu Wuert. Hie kennt de Jean Pütz zanter laanger Zäit an erënnert sech un eng ganz perséinlech Situatioun. Hie beschreift hien als e "Stehaufmännchen", deen och an enger schwiereger Situatioun ëmmer nach e positiven Twist fonnt huet. Am Kontrast zu de méi "schwéiermütege" Däitschen, sou de Yogeshwar, hätt de Pütz ëmmer nees de Wee an den Optimismus fonnt.