
Dës iwweraus agil Schmuewel , déi elo de Villche vum Joer ginn ass, zitt hir Kléng am sandegen Äerdräich op. Fir dëst ze realiséieren grueft si e bis zu 70 cm laangen Tunnel an e géien Hang eran. Um Enn vum Tunnel ass dann d’Nascht vum Villchen. An deem Kontext gëtt natur&ëmwelt awer och ze bedenken, dass de Liewensraum vun der Schmuewel ëmmer méi a Gefor ass a mécht an deem Kontext och op de Problem opmierksam.

De Lëtzebuerger “Villche vum Joer” gëtt Reegelméisseg am Unterrecht vu Grondschoule behandelt. Déi concernéiert Klasse kréien da vun natur&ëmwelt eng Brochure ausgedeelt, an där d’Sandschmuewel kannergerecht virgestallt gëtt.
Weider Detailer iwwert de Villche vum Joer ginn et am Schreiwes vun natur&ëmwelt:
.