Jackpot zweemol a Sendung geknackt"Ech wousst guer net, dass dëst méiglech wär"

Christophe Hochard
227.500 € huet de Laurent am Piccobello gewonnen. De Lous als Kaddo op Chrëschtdag huet Gléck bruecht.

De 5. September huet de Laurent vu Schëffleng seng 30 Joer kritt. Bal 4 Woche méi spéit huet de jonke Mann gläich zweemol den Jackpot beim "Piccobello" gewonnen - 227.500 Euro. "Ech wousst guer net, dass dat méiglech wär. Zweemol den Jackpot an enger Emissioun gewannen. Mat dräi Bullen zweemol den Jackpot ze treffen, dat ass einfach nëmme genial". Mat grousser Begeeschterung huet de Laurent dëst dem Pierre Weimerskirch direkt no der Emissioun erzielt.

Wat mécht ee mat dësem Gewënn?

Mat souvill Geld kéint ee villes maachen, sou dem Jackpot-Gewënner seng éischte Reaktioun "à chaud". A weider: "Ech si viru kuerzem eréischt geplënnert. Mat deem Geld kann ech nach e bëssi un der Wunneng schaffen. Dat ass elo mol d'Prioritéit. An eppes Guddes fir meng Grousselteren ass bestëmmt och dran". Mat engem grousse Grinsen am Gesiicht kritt de Pierre dëst vum Laurent erzielt.

Op Chrëschtdag 2025 huet hien de Lous geschenkt kritt. "Dat war e flotte Kaddo mat extrem vill Chance".

D'Zuelen déi de Laurent um Glécksrad ausgewielt huet, sinn d'Gebuertsdeeg vu sengen Elteren, Grousselteren an him selwer. "Dat war eng Kéier de Gebuertsdatum vu menger Bom wou den Jackpot geknackt gouf an dat anert war de Gebuertsdatum vu mengem Papp".

Back to Top
CIM LOGO