Zanter méi wéi 30 Joer gëtt et de Luxembourg International Rowing Club (LIRC).
All Samschdegmoien treffe sech d'Membere vum Club zu Schengen um Hafe fir hiren Training. Dobäi geet et awer net direkt op d'Waasser: D'Booter an dat néidegt Material musse virun an nom Training kontrolléiert a preparéiert ginn.
Och Ufänger si wëllkomm. No engem zéng Stonne laange Basis-Cours kënne si hir éischt Erfarungen um Waasser sammelen. De Club konzentréiert sech virun allem op de Fräizäitsport, fiert awer och e puer Mol am Joer an d'Ausland.
Aktuell zielt de LIRC ronn 120 Memberen, vun deenen der 30 bis 40 aktiv rudderen. An den nächste Jore wëll de Club sech weiderentwéckelen.
En nächste wichtege Schrëtt ass de Bau vun engem eegene Bootshaus, dee fir Oktober geplangt ass. Domadder kéint d'Material méi einfach verstaut ginn an et hätt een en zentrale Punkt, fir sech ze treffen an all méiglech administrativ Aarbechten ze maachen. An da kéinten och mol Competitiounen zu Lëtzebuerg ofgehale ginn. D'Zil wier et och, am Competitiounssport weider ze kommen.