Emily, Harriet, Alexa a Catherine heeschen déi eeneeëg Véierlingen, déi e klengt Wonner sinn. Well op natierlechem Wee mat Véierlinge schwanger ze ginn, wier extrem rar, erkläert d’Alexa Bendall, d’Doktesch aus dem Royal Brisbane and Women’s Hospital, déi d’Famill betreit.
“Mir schätzen, datt esou eng spontan Schwangerschaft just ongeféier eemol op 15 Millioune virkënnt. Ech mengen, esou eppes gouf et an Australien nach net. Weltwäit gouf et vläicht e puer Fäll. A mat ‘e puer’ mengen ech wierklech nëmmen zwee. Dëst ass deen eenzegen eis bekannte Fall an Australien.”
Déi 34 Joer al Mamm Jenitar Na'amoana an hire Mann Jortham hu scho véier Kanner, an haten eigentlech kee weidert geplangt. Elo hunn hir Kanner op ee Schlag véier kleng Schwëstere kritt. An der 28. Schwangerschaftswoch si se iwwer e Keeserschnëtt op d’Welt komm. Véier Fruchtblosen, nëmmen eng Plazenta, an en Ee, wat sech a véier gedeelt huet – dat wier héchst aussergewéinlech, mee och ganz riskant, esou d’Alexa Bendall.
“Et ass eng héich riskant Schwangerschaft. Scho bei Zwillingen, déi eng Plazenta deelen, ass de Risk vu Komplikatioune ganz héich. (...) Se kënne souguer zum Doud vun de Kanner oder vun der Mamm féieren. Et ass also bal net ze gleewen, dass mir hei véier gesond Bëbeeën hunn. Mir si frou, en Deel dovun ze sinn!”
Frou sinn och d’Elteren iwwer d’Ënnerstëtzung vum Spidol a besonnesch vun der Doktesch, no där si eng vun hire véier Duechteren, d’Alexa, benannt hunn. Déi nächst puer Woche bleiwen déi véier kleng Meedercher nach op der Neigebuerenen-Intensivstatioun. A fir d’Eltere fänkt en neit Liewen zu 10 un!