Handwierkscoursë fir Fraen"Fraen erkläre sech d’Saachen heiansdo e bëssen anescht"

Anouk Siebenaler
D’Vanessa Félix renovéiert zanter dräi Joer en ale Bauerenhaff op eege Fauscht. Mat Workshops wëll si aner Fraen encouragéieren, handwierklech aktiv ze ginn.
Handwierkscoursë fir Fraen
D’Vanessa Félix renovéiert zanter dräi Joer en ale Bauerenhaff op eege Fauscht. Mat Workshops wëll si aner Fraen encouragéieren, handwierklech aktiv ze ginn.

Zanter dräi Joer ass d’Vanessa Félix bal all Dag op hirer Baustell ze fannen. Déi 34 Joer al Fra huet sech en ale Bauerenhaff kaf an ass amgaang, en no an no komplett ze sanéieren.

Ma de Projet geet méi wäit wéi eng privat Renovatioun. No hirer Ausbildung als Industriemechatronikerin huet d’Vanessa ëmmer nees gemierkt, dass si als Fra an engem handwierkleche Beruff ëmmer méi leeschte muss, wéi d’Männer, fir sech behaapten ze kënnen. "E Mann, dee buert, ass eppes aneres, wéi eng Fra, déi buert", sou d'Vanessa, an esou hätt si sech dacks net eescht geholl gefillt.

E Workshop als "Safe Space"

Esou ass d'Iddi vun engem Handwierkscours speziell fir Fraen entstanen. Net just Ufängerinnen, mä och Fraen, déi schonn Erfarung mam Handwierk hunn, sollen hei eng Plaz fannen, wou se hir praktesch Kompetenzen ausbaue kënnen.

D’Zil ass et, net just d'Beréierungsängscht virun de Maschinnen, ma och d'Angscht virun domme Kommentaren ofzebauen an an engem geschützte Kader nei Saachen auszeprobéieren. Mat der Zäit soll d’Offer op dem Vanessa senger "Creative little farm" ëm weider Handwierks- a Kreativworkshops ausgebaut ginn.

Back to Top
CIM LOGO