Vun den Drauwen zum WäinHannert de Kulisse vun där gréisster Kellerei zu Lëtzebuerg

Olivier Catani
Prozesser a Plazen, déi een normalerweis net gesäit - wat geschitt genee, wann Drauwejus sech a Wäi verwandelt?
Och am Wäin gëtt nach gefuerscht.
Och am Wäin gëtt nach gefuerscht.
© RTL

E Staubsauger, Schwiefel a Gelatine

Den Arnaud Charuel ass de Responsabele vun der Technik bei Domaines Vinsmoselles. Hien erkläert eis, wéi si en Deel vum Jus aus den Drauwe mussen eraus saugen, firwat si an der Kellerei mat Gelatine schaffen an de Wäin duerfir net vegan ass. A wéi se d'Drauwe mat e bësse Schwiefel virun Oxidatioun schützen:
"Quand on met un tout petit peu de soufre à l'intérieur, ça va protéger, et on ne va pas avoir des couleurs marrons, du jus qui va arriver, et des mauvais goûts qui vont aussi arriver. Il faut bien se rendre compte qu'on a mis quelques microgrammes de soufre, qui vont être suffisants pour protéger, ici, 350 kg de raisin."

Kontrolléiert Gärung

Bei der Gärung verwandelt Hief den Zocker a Jus an Alkohol. Dobäi entsteet awer och CO₂. De Kuelendioxid muss uewen eraus. Soss géif sech an der Cuve ze vill Drock opbauen a se kéint futti fueren. Bei der Gärung entsteet awer och Hëtzt. Duerfir musse si d'Cuve permanent killen. Dat maache si mat Waasser, dat laanscht d'Cuve eroflafe gelooss gëtt. Fäerdeg ass d'Gärung, wann d'Hief bal de ganzen Zocker an Alkohol verwandelt hunn.

Hannert de Kulisse vun där gréisster Kellerei zu Lëtzebuerg
Prozesser a Plazen, déi een normalerweis net gesäit. Wat geschitt genee, wann Drauwejus sech a Wäi verwandelt.

Grouss Botz virun der Lies

Am August konnt een nach an d'Cuven eraklammen. Si gi vu bannen a bausse gebotzt. Virun allem de sougenannte Weinstein musse si eraus huelen. Dësen Tartre huet sech duerch ënner anerem d'Saier natierlech gebilt an ofgelagert. Den Arnaud Charuel erkläert eis mat enger Dichtung, firwat dat net bedenklech ass:

"Ça, c'est un joint de porte, et on voit que le tartre se dépose sur la totalité de la cuve. Donc le tartre, c'est la même chose que ce qu'on retrouve dans les bouteilles, hein, au fond. Ce n'est pas un problème alimentaire ou de sécurité alimentaire. Par contre, il y a plein d'impuretés qui vont s'installer dans ces cristaux. Et donc il faut l'enlever pour nettoyer l'intérieur des cuves."

Back to Top
CIM LOGO