
Et si Biller, déi een net all Dag gesäit. Wéi eng brongelzeg Decke leet sech eng riseg Wollek aus Stëbs a Sand iwwert eng ganz Stad. Zu Phoenix an Ëmgéigend, am US-Bundesstaat Arizona, ass et am Dag däischter ginn, a méi wéi 15.000 Leit, déi meescht am Maricopa County, souzen ouni Stroum an hiren Haiser fest.
Nom sougenannten “Haboob” koum et zu staarke Reeschaueren a kräftege Wandstéiss, déi fir Retarde bei Vollen, an och fir Schied um Flughafe vu Phoenix gesuergt hunn. De Begrëff “Haboob” kënnt aus dem Norde vu Sudan a bezitt sech op dat arabescht Wuert “habb”, dat “blosen” bedeit. Zu esou engem Sandstuerm kann et kommen, wa bannent engem Wieder eng lokal begrenzt Seil u Loft séier erof op de Buedem geet, a sech do dann horizontal staark no baussen ausbreet.