Fuerscher sinn op der Sich no neie Methoden am Wéngert. Mat wéi enger Buedemfleeg een am beschten duerch en dréchene Summer kënnt. Piwi-Riewen aus dem Ausland fir manner Planzeschutzmëttel a grouss Beem fir e bësse Schied.
Mir si beim Erfinder vum alkoholfräie Wäin. Weise wéi si den Alkohol eraus huelen a schmaachen, ob dee Wäi wierklech mat engem normale mathale kann.
De Pisa kënnt freides um 19 Auer op der Tëlee an op RTL Play.