An awer hunn d'Schüler vum Lycée Josy Barthel zu Mamer genee dat gemaach. Am Kader vum Projet JosyFly! hu si iwwer Méint eng wëssenschaftlech Sonde entwéckelt, gebaut a getest, déi mat engem Helium-Ballon bis an d'Stratosphär transportéiert gouf.
D'Stratosphär ass déi zweet Schicht vun eiser Atmosphär. Si fänkt ongeféier bei 10 bis 15 Kilometer Héicht un a geet bis op ronn 50 Kilometer erop. Mat hirer geplangter Héicht vu 36 Kilometer ass d'Sonde also déif an d'Stratosphär geflunn, bal bis un de Rand vum Weltall.
Beim Projet JosyFly! geet et ëm vill méi ewéi nëmmen Theorie. Physik, Chimie, Informatik, Elektronik, Meteorologie an Datenanalys kommen hei zesummen. D'Schüler hunn net nëmmen un der Konstruktioun vun der Sonde geschafft, mee sech och ëm d'Programméierung, d'Dokumentatioun an d'Auswäertung vun den Donnéeë gekëmmert.
Zil vun der Missioun ass et, ënner anerem Héicht, Temperatur, Loftdrock a GPS-Donnéeën opzezeechnen an dobäi eenzegaarteg Biller vun eiser Äerd aus grousser Héicht festzehalen.
An de leschten Deeg virum Start gouf nach emol intensiv dru geschafft. Kabelen, Sensoren, Kameraen an déi ganz Elektronik goufen ëmmer nees kontrolléiert. Well wann d'Sonde eemol um Wee an d'Stratosphär ass, kann näischt méi nogebessert ginn.
Nieft den techneschen Ekippen huet sech eng eegen Ekipp vu Schüler ëm d'Kommunikatioun gekëmmert. Iwwer Sozial Medien hu si de Projet dokumentéiert a mat der Ëffentlechkeet gedeelt.
D'Konditiounen an der Stratosphär sinn extrem. An enger Héicht vu méi wéi 30 Kilometer falen d'Temperaturen op bis zu minus 60 Grad. Gläichzäiteg gëtt d'Loft ëmmer méi dënn an de Loftdrock fält staark of.
Genee dës Konditioune maachen esou eng Missioun spannend, mee och usprochsvoll. Nieft de Kameraen hunn d'Schüler och Reagenzglieser mat Flëssegkeeten a Gaser mat op d'Rees geschéckt, fir zousätzlech wëssenschaftlech Donnéeën ze sammelen.
No Méint Virbereedung koum de Moment vun der Wourecht. Op engem Feld zu Holzem gouf de Ballon mat Helium gefëllt an op de Start virbereet. Kuerz drop huet de Countdown ugefaangen. An e puer Sekonne méi spéit ass d'Sonde lues awer sécher an den Himmel geklommen.
Fir d'Schüler war dat den Héichpunkt vun engem Projet, un deem si laang geschafft hunn.
Wärend dem Opstig huet d'Sonde permanent Donnéeë gesammelt. Temperatur, Loftdrock, Héicht, GPS-Positioun an UV-Stralung goufen dokumentéiert. Parallel dozou hunn d'Kameraen d'Äerd aus enger Perspektiv gefilmt, déi een normalerweis just vu Raumfaartmissioune kennt.
Wann de Ballon seng maximal Héicht erreecht, gëtt en duerch den niddrege Loftdrock ëmmer méi grouss, bis e schliisslech platzt. D'Sonde kënnt duerno mat engem Fallschierm zeréck op d'Äerd a gëtt mat Hëllef vun engem GPS-Tracker erëmfonnt.