SkillsTrucks komme bei déi JonkSchülerInnen d’Méiglechkeet ginn, een Handwierk kennenzeléieren

Pit Risch
Déi sougenannte SkillsTrucks bidde sechs verschiddenen Handwierksberuffer aus de Beräicher Kachen a Backen, Veraarbechtung vun Holz a Metall a Coiffer an Ästhetik un.

D'SkillsTrucks sinn innovativ Camione mat integréiertem Atelier, déi direkt bei d’Schüler an de Lycée kommen. D’Campagne ass eng Zesummenaarbecht vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an de Beruffskummere a soll d’Beruffsausbildung promouvéieren.

Et ass wichteg, deene Jonken d’Méiglechkeet ze ginn, een Handwierk kennenzeléieren, sou de Minister fir Bildung, Kanner a Jugend, Claude Meisch.

“Mir hu festgestallt, datt, wa Jonker op der Beruffssich sinn, wa si sech froen, wat fir eng Ausbildung si wëlle maachen, da kenne si villes eigentlech guer net méi an déi handwierklech Aktivitéite gehéieren zu deenen, déi si dacks am Alldag net méi begéinen. Duerfir ass et wichteg, och engem Schüler aus dem Enseignement secondaire classique eng Handwierksaktivitéit méi no ze bréngen, datt hie säin Talent kann entdecken, seng Loscht kann entdecken dorobber a vläicht och spéider sou eng Leier maachen.”

Mir waren am Michel Rodange um Campus Geesseknäppchen an hunn d’Schüler vun enger Quatrième gefrot, wéi si dat Ganzt fannen:

“Hei kanns du dech och beweegen, du kriss et mat den Hänn ze dinn an et freet ee sech, och mol selwer eppes ze maachen an net ëmmer de Proffe mussen nozelauschteren.”

“Mir gefält et ganz gutt, mir kruten och vill Chance, dass mir déi Optioun hei kéinte maachen, well vill Leit kruten aner Optiounen.”

“Ech sinn och frou, dat ze maachen, well mir leiere Saachen doriwwer an ech hunn och mat menge Kolleegen dat gemaach.”

Am Laf vum Schouljoer 2026/2027 kënnen all Trimester ronn 400 Schüler a Schülerinnen aus dem Enseignement secondaire classique an dem Enseignement secondaire général éischt Erfarungen am Handwierk sammelen an hir Fäegkeeten an de verschiddene Beräicher entdecken. Wärend dem éischten Trimester vum Schouljoer stinn déi dräi SkillsTrucks beim Lycée technique de Lallange zu Esch, beim Lycée classique zu Dikrech an um Campus Geesseknäppchen an der Stad.

Back to Top
CIM LOGO