No engem laangen Dag zu Monaco ware mer um 6. Dag gréisstendeels um Boot, mat Navigatioun bis bei d'Île Sainte Marguerite vis-à-vis vu Cannes. Do hu mer eng Schnitzeljuegd gemaach an dono och den Owend um Boot verbruecht.
Vill Zäit um Boot heescht vill Zäit bei de Kanner. An d'Kanner hu Vertrauen opgebaut. Si ziele vill. Vun hirer Famill, hiren Erliefnisser an och vun hirer Krankheet. Dacks schwätzen se ënner sech doriwwer, well se wëssen, dass se all vill erlieft hunn.
An wéi se du realiséiert hunn, dass et de leschten Owend mat der Ekipp um Boot wier, gouf et e puer Tréinen. Een Dag hu mer nach. Eng Ofschlossfeier an da geet et erëm an de Bus op de Wee heem.
Mir profitéieren nach eemol vum schéine Wieder, vun der Sonn a vum Mier. Vun der Zäit, déi mer hei zesummen hunn.