
Am Kader vum 10. Anniversaire vu GSK Stockmann zu Lëtzebuerger presentéiert de Cabinet zesumme mat Luxair eng Maschinn, méi genee eng De Havilland Dash 8-400 LX-LQJ, déi vum Lëtzebuerger Street Art-Kënschtler Sumo designed gouf.

Ënnert dem Slogan "Going the extra mile. Above & beyond. Always!" verbënnt den Design d'Beräicher Justiz, Konscht a Reesen. D'Dash 8-400 gëtt am ganzen europäesche Fluch-Netz vun der Luxair agesat, fir dann esou déi lokal Kreativitéit iwwert d'Lëtzebuerger Grenzen eraus dréit.
