“Wein braucht keinen Alkohol, nur Geschmack”Wéi alkoholfräie Wäin erfonnt gouf an ob e wierklech ëmmer besser gëtt

Olivier Catani
Zu Rüdesheim am Rhein gouf den alkoholfräie Wäin erfonnt. Wéi huele si den Alkohol eraus? A kann de Goût mat normalem Wäi mathalen?
© RTL

D’Produktioun vu Wäin ouni Alkohol ass technesch usprochsvoll. De Carl Jung vu Rüdesheim am Rhein huet virun iwwer 100 Joer e Verfaren entwéckelt, mat deem een den Alkohol méi schounend aus dem Wäin erauskritt. Säi Motto war: "Wein braucht keinen Alkohol, nur Geschmack”.

Haut produzéiert d’Weingut 14 Millioune Fläschen d’Joer an exportéiert an iwwer 40 Länner, och op Lëtzebuerg. Fir de Bernhard Jung, den Enkel vum Erfinder, brauch et fir e gudden alkoholfräie Wäi virun allem eppes. E gudde Basiswäin:

"Wir achten dabei immer auf eine saubere Aromatik. Der Grundwein darf nicht zu viel Säure haben und keine Fehler aufweisen, denn diese treten nach dem Entzug des Alkohols deutlich stärker hervor."

Als éischt entzéi si dem Wäin seng Aromastoffer. Si loossen des flüchteg Substanzen awer net verfléien, mee fänke se op. Duerno huele si den Alkohol eraus. Dat geschitt am Vakuum. Do verdämpt den Alkohol scho bei manner wéi 30 Grad Celsius. Um Schluss setze si déi am Ufank agefaangen Aromastoffer rëm bäi.

Wéi alkoholfräie Wäin erfonnt gouf an ob e wierklech ëmmer besser gëtt
Zu Rüdesheim am Rhein gouf den alkoholfräie Wäin erfonnt. Wéi huele si den Alkohol eraus? A kann de Goût mat normalem Wäi mathalen?

Kann den alkoholfräie Wäin wierklech mathalen?

Nom Blind-Testing hält de fréiere Wäikrontroller Marc Kuhn fest, dass een trotz Verbesserungen nach ëmmer e gewëssenen Ënnerscheed am Goût huet:

"En ass erfrëschend, en huet Kuelesaier, en ass séier propper, agreabel... mee als Alter Herr sichen ech dach awer de Wäin erëmzefannen, deen ech awer net an där Form fannen, wéi s de e gewinnt bass.“

Fir den aktuelle Wäikontroller Paul Thill erkennt een dee liicht maschinelle Kachtoun, wann een e bis kennt, ëmmer rëm, mee „ okay, dat do ass Wäin ouni Alkohol, eventuell gutt oder ganz gutt gemaach. Also déi Aroma-Réckgewënnung, déi se haut hunn, do ginn et Produiten, déi s de mat Loscht kanns drénken.”

Mussen d’Lëtzebuerger Wënzer sech upassen?

D’Leit an der Europäescher Unioun drénken ëmmer manner Alkohol, och manner Wäin.

"Ech mengen net, datt all Wënzer muss een Alkoholfräien hunn, mee ech mengen, datt een do soll als Wënzer zesumme schaffen,“ erkläert de Jeff Konsbrück, President vun de Lëtzebuerger Privatwënzer. Hie weist dorop hin, datt et schonn Zesummenaarbecht tëschent verschiddene Wënzer gëtt, déi eng gemeinsam Cuvée produzéieren.

"De Marché bleift ze kleng am alkoholfräie Secteur, fir datt all Wënzer nach en Alkoholfräien dobäi huet.“

Back to Top
CIM LOGO