
De Minett park am Fond-de-Gras steet um Weekend vum 26. a 27.September nees ganz am Zeeche vum Jules Verne. "Steampunk" ass ugesot. Vu moies 11 bis owes 18 Auer geet et zréck an d'Vergaangenheet. Et ass een an enger Zäit, déi et esou ni gouf a si gehéiert zum kulturelle Liewen dozou ewéi d'Kavalkaden oder d'Oktoberfest.
Beim "Steampunk" dréit sech vill ronderëm den Damp an ëm Erfindungen, déi et u sech och net op deem Niveau gouf. Wäit iwwer eis Grenzen eraus ass dëst Event mëttlerweil bekannt.
Fir d'Leit vum Train 1900 ass et mat de wichtegste Weekend vun der Saison. "Et ass eng vun de bekanntste Steampunk-Conventions a ganz Europa, eventuell op der ganzer Welt. De Site ass eenzegaarteg dofir. Et ass een an engem historesche Kader, wou fréier Eisenäerz ofgebaut gouf. D'Fotoen, déi een do kritt mat den ale Lokomotiven, den ale Gebaier an och mat de Leit, déi deementspriechend gekleet sinn am viktorianesche Steampunk Style, dat si Fotoen, déi kritt een op soss kenger anerer Plaz", seet den Olivier Broy vum Train 1900.
Souwuel den Train 1900 ewéi d'Minièresbunn fueren um 26. a 27. September am Fond-de-Gras a bréngen d'Leit op de Site. Och e Bus Shuttle vum P&R Péiteng a Nidderkuer fiert op dësem Weekend. Vu moies 10:30 bis owes 19 Auer fueren d'Bussen hin an hier.
Beim "Steampunk" sinn der Fantasie an der Kreativitéit vun de Leit keng Grenze gesat. Vill Damp, exotesch Kleeder a gutt Stëmmung. Et gëtt dann och mat dausende vu Visiteuren am Minett park gerechent.
Vum 1. Mee bis de leschte Weekend am September dauert allkéiers d'Saison am Minett Park. Dat gëllt souwuel fir den Train 1900 ewéi och d'Minièresbunn.
Tëscht 70 an 80 Deeg huet eng Saison. Do brauch et vill fräiwëlleg Hänn. Vun enger gudder Saison schwätzen déi Responsabel vum Train 1900. "Op deene méi waarmen Deeg waren d'Leit éischter an d'Schwämm. Mir hunn och alles gemaach, fir d'Brandgefor ze miniméieren. Op zwee Deeg gouf d'Dampmaschinn dowéinst och am Schapp stoe gelooss. Déi Deeg si mir mat den Diesellokomotive gefuer."
Ier elo definitiv Schluss ass, steet awer nach een Héichpunkt an d'Haus. Dat ass d'Visitt vum Kleeschen am Minett Park. Rendez-vous ass den 21. an 22. November 2026. Do kënnt den hellege Mann dann nees an de Fond-de-Gras, wou d'Kanner zesumme mat hiren Eltere mam Zuch fueren. Och eng Titche gëtt et do vum Kleesche fir déi brav Jongen a Meedercher.
Um Internetsite www.train1900.lu ginn et all weider Informatiounen. D'Newsletter muss een abonéieren, fir sech duerno fir de Kleeschen unzemellen.