Allocation de fin d’année
D’Allocation de fin d’année ass ee vun den dräi Haaptbestanddeeler vun der Pensioun. Si gëtt op Basis vun de Versécherungsjore berechent, woubäi maximal 40 Joer en compte geholl ginn. Si hänkt net vum Salaire of, mee mécht verhältnisméisseg vill aus am Verglach mat deene klenge Pensiounen. Fir 2024 beleeft sech d’Allocation de fin d’année op 958,92 Euro, fir 40 Joer Versécherungskarriär.
An der Pensiounsreform vun 2012 gouf festgehalen, datt keng Allocation de fin d’année méi bezuelt gëtt, wann den Taux de Cotisation iwwert déi aktuell 24 Prozent klëmmt. Dëst ass dowéinst an der Pensiounsdebatt interessant, well d’Gewerkschaften als méiglech Mesure proposéieren, d’Cotisatiounen an d’Luucht ze setzen, fir méi Recetten ze generéieren. Si wëllen dowéinst, datt dës Konditioun ofgeschaaft gëtt.
Op der anerer Säit proposéieren d’Patronen, fir d’Allocation de fin d’année ofzeschafen, och ouni datt d’Cotisatiounen an d’Luucht ginn, fir d’Depensë vum Pensiounssystem ze kierzen. 2020 huet d’Allocation de fin d’année d’CNAP 89 Milliounen Euro, also 1,8 Prozent vun de Pensiounsausgabe kascht.
(Bilan technique du régime général d’assurance pension, 2022)