Baby-Joren

Mammen oder Pappen, déi hir kleng Kanner versuergt hunn, kënne sech momentan bis zu zwee Baby-Jore fir hir Versécherungskarriär urechne loossen, an deenen e fiktive Revenu op Basis vun de vergaangene Paien en compte geholl gëtt. Och Elteren, déi viru schaffe ginn, kënne sech Baby-Joren urechne loossen, mat engem virtuelle Revenu vun 1,5 Mol de Mindestloun.
Dës Baby-Joren zielen herno, wat d’Karriär ugeet, esouwuel als geschaffte Joren, wéi och fir d’Majoration proportionelle, also deen Deel vun der Pensioun, deen dorop baséiert, wéi vill ee verdéngt huet. Baby-Jore sinn also, wéi wann een net opgehalen hätt mat schaffen. Wann een nach zwee weider Kanner à charge huet, oder d’Kand en situation d’handicap ass, kënne bis zu véier Baby-Joren ugefrot ginn.
D'CSV-DP Regierung huet an hirem Koalitiounsaccord stoen, et wéilt een en zousätzlecht Baby-Joer aféieren. Allerdéngs géif fir dëst drëtt Joer nach just op de Mindestloun cotiséiert ginn, an net op de fiktive Revenu, deen déi viregt Paien als Basis hat. (Koalitiounsaccord)
An hirem Avis fir de Wirtschafts- a Sozialrot stellen d’Patronatsvertrieder awer ënnert anerem d’Baby-Jore komplett a Fro, well d’Käschten dofir an deene leschte Jore geklomme sinn, bis op 106 Milliounen Euro 2023. (Avis CES)
D’CNAP krut 2023 knapp ënner 15.000 Demandë fir d’Unerkennung vu Baby-Joren. (Rapport d’activité CNAP, 2023)