Cotisatiounen

De Regime général gëtt finanzéiert duerch Cotisatiounen, déi op de Paie vun den aktive Leit opgehuewe ginn. De Moment läit den Taux de Cotisation bei 24 Prozent, déi sech déi Beschäftegt, hir Patronen an de Staat deelen. Jidderee bezilt aacht Prozent.
D’Beamten an d’Employéeën aus der Fonction publique, déi ënnert d’Regimes spéciaux falen, kréien och aacht Prozent Cotisatioune vun hirer Pai ofgehalen. Fir de Rescht ginn d’Pensiounen aus dëse Regimmer iwwert de Fonds de pension aus dem Staatsbudget bezuelt. (Kuckt och, Cotisatiounstaux, Régimes spéciaux)
Am meeschte gelies