Cotisatiounsplaffong

De Cotisatiounsplaffong am Régime général, also dem Privatsecteur, läit bei fënnef mol de Mindestloun. Dat heescht, op Paien, déi méi héich sinn, beispillsweis sechs- oder siwemol de Mindestloun, gi just Cotisatiounen op deem Deel vun der Pai opgehuewen, dee fënnef Mol dem Mindestloun entsprécht. Doriwwer eraus net.
Dëst ass an de Régimes spéciaux, also d’Beschäftegt aus der Fonction publique, anescht. Do gëtt et kee Cotisatiounsplaffong. Si kréien also aacht Prozent vun hirer ganzer Pai als Cotisatiounen ofgehalen, egal wéi vill se verdéngen. Dat féiert dozou, datt herno bei der Berechnung vun der Pensioun am Secteur public méi héich Pensiounen ufalen, wéi am Privatsecteur.
An hirem Avis fir de Wirtschafts- a Sozialrot (CES) proposéieren d’Patronen, et kéint een de Cotisatiounsplaffong erofsetzen, well doduerch d’Pensiounsuspréch erofginn, also manner déck Pensiounen entstinn, an domat d’Depense fir de System erof géing goen. Allerdéngs géifen doduerch och d’Recetten erofgoen. D’Gewerkschaften evoquéieren hirersäits, de Plaffong ganz ofschafen, wier eng Méiglechkeet, fir d’Recetten z’erhéijen.