Cotisatiounstaux
Ënnert Cotisatiounstaux versteet een dee Prozentsaz vun de Paien, deen an d’Pensiounskeess abezuelt gëtt. Zanter der Reform vun 2012 gëtt deen Taux am Ufank vun der sougenannter Période de couverture vun zéng Joer festgeluecht – virdru war d’Période de couverture méi kuerz. Dat heescht am Fong näischt anescht, wéi datt ee fir en Zäitraum vun zéng Joer plangt a decidéiert, wéi héich d’Cotisatioune sinn.
De globale Cotisatiounstaux läit zu Lëtzebuerg am Régime général bei 24 Prozent. Dat war awer net ëmmer esou. Zwar bezuele Patronen a Beschäftegt aus dem Privatsecteur schonn zanter 1978 jeeweils aacht Prozent Cotisatiounen op de Paien, ma de Staat bedeelegt sech eréischt zanter 1985 progressiv un de Cotisatioune fir de Pensiounssystem vum Privatsecteur. Zanter 1990 gëllt den Taux global vu 24 Prozent an en ass dono net méi geännert ginn.
An hirem Avis un de Wirtschafts- a Sozialrot proposéieren d’Gewerkschaften, datt een d’Cotisatioune kéint paritär fir Beschäftegt, Patronen a Staat op en Taux global vu 27 Prozent an d’Luucht setzen, fir méi Recetten ze generéieren, also all Partei ee Prozent méi géing bezuelen. Si weisen drop hin, datt d’Cotisatiounen zu Lëtzebuerg am Verglach mat anere Länner niddreg sinn.
D’Patronatsvertrieder betounen awer zanter Joerzéngten, datt déi niddreg Sozialchargen zu Lëtzebuerg ee vun hire wéinege Standuertvirdeeler wier. Si sinn also komplett géint en Unhiewe vum Cotisatiounstaux. An hirem Avis fir de Wirtschafts- a Sozialrot argumentéiere si allerdéngs domat, dëst wier net gutt, fir jonk, qualifizéiert Salariéen op Lëtzebuerg ze lackelen, well déi da manner vun hirer Pai iwwreg hätten.