CNAP ass d’Ofkierzung fir Caisse nationale d’assurance pension. Dëst ass d’Pensiounskeess fir d’Beschäftegt aus dem Privatsecteur.

D’CNAP ass 2009 aus der Fusioun vun de sektorielle Pensiounskeesen entstanen, no der Aféierung vum Statut unique fir Aarbechter an Employéen am Privatsecteur. Och d’Independanten si bei der CNAP verséchert. Bei der CNAP waren 2023 am Duerchschnëtt bal 500.000 Leit verséchert. Si huet an der Moyenne ronn 216.000 Pensiounen, sief et Alters-, Witwwen-, Weesen- oder Invaliderenten ausbezuelt, fir e Gesamtmontant vu ronn 6,39 Milliarden Euro.

(Rapport annuel CNAP, 2023