Coefficient de charge
Ënner Coefficient de charge versteet een d’Verhältnis tëscht aktive Beschäftegten a Pensionären. De Coefficient de charge gëtt meeschtens a Prozent ausgedréckt. Wann also vun engem Coefficient de charge vu 25 Prozent rieds geet, heescht dat, datt ee Pensionär op véier Beschäftegt kënnt. Ee Coefficient de charge vun iwwer 100 Prozent géif also bedeiten, datt méi Pensionäre wéi Aktiver do wären. A Prozent ausgedréckt, louch de Coefficient de charge 2023 bei 43,3 Prozent. (Rapport d’activité CNAP, 2023)
De Coefficient de charge ass wichteg, well Lëtzebuerg kee Kapitaldeckungsverfaren huet, wou jidderee seng eege Pensioun uspuert, mee en Ëmlageverfaren, an deem déi aktiv Bevëlkerung d’Pensioune vun deene finanzéiert, déi aktuell eng kréien. Wat méi Aktiver op ee Pensionéierte kommen, wat d’Belaaschtung fir de System méi kleng ass. De Coefficient de charge ass an deene leschte Joren tendenziell geklommen.
Un dësem Indicateur an um Ëmlageverfaren hänkt och d’Wuesstemsdebatt, déi all puer Joer, meeschtens am Kader vun der Walcampagne, méi oder manner virulent a mat deels wiesselende Fronte gefouert gëtt. Well fir datt de Coefficient de charge net kippt, a well an deenen nächste Jore vill Leit a Pensioun ginn, ginn och méi aktiv Leit gebraucht, déi cotiséieren. Dofir musse méi Aarbechtsplaze geschaf ginn, also d’Wirtschaft wuessen, wat awer och aner Konsequenzen huet, wéi zum Beispill eng steigend Demande um Immobiliëmarché, méi e grousse Besoin un Transport- a Mobilitéitsinfrastruktur.
(Kuckt och : Ëmlageverfaren, Wuesstemsdebatt)