Déchet fiscal
Ënner déchet fiscal versteet een allgemeng déi Suen, déi de Staat duerch eng spezifesch Mesure manner u Recetten huet, am Verglach zur "normaler" Besteierungssituatioun. D’Lëtzebuerger Betriber kënnen hire Mataarbechter eng betriblech Zousazpensiounsversécherung ubidden, als Avantage nieft der Pai. Dat ass de sougenannten zweete Pilier vum Pensiounssystem, nieft dem éischte Pilier, der gesetzlecher Pensiounsversécherung. Dëst huet steierlech Avantagen.
D’Leit, déi zu Lëtzebuerg besteiert ginn, kënnen awer och hir Assurancëprimme fir eng privat Zousazpensioun vun de Steieren ofsetzen. D’Lëtzebuerger Banke an Assurancë maachen dacks bei hire Clientë Reklamm fir esou Produiten, déi och "111 bis" nom entspriechenden Artikel aus der Steiergesetzgebung genannt ginn, an déi den drëtte Pilier vum System duerstellen.
Den Déchet fiscal, deen doduerch entsteet, datt den zweete Pilier steierlech encouragéiert gëtt, gëtt fir 2024 op aacht Milliounen Euro geschat. Den Déchet fiscal, deen entsteet, well d’Leit hir Assurancëprimmen fir déi privat Zousazpensiounen aus dem drëtte Pilier kënnen ofsetzen, gëtt fir 2024 op 54 Milliounen Euro geschat.
(Kuckt och: Zweete Pilier; drëtte Pilier)