Mam drëtte Pilier sinn déi privat Zousazpensioune gemengt, déi ënnert den Artikel 111bis vum Steiergesetz falen. Dofir gi se och kuerz "111bis" genannt. Als Client kritt ee se dacks vu senger Bank oder Assurance ugebueden als Prevoyance-Viellesse Produiten.

D’Verkafsargument dobäi ass: et kann een dat, wat een an esou eng Zousazpensioun abezilt, vun de Steieren ofsetzen. An dësem Fall schwätzt ee vu Primmen, net vu Cotisatiounen, well et en Assurancëproduit ass. Et kann ee maximal 3.200 Euro Primm fir e Produit Prévoyance-Viellesse d’Joer vun de Steieren ofsetzen.

Deene leschten disponibelen Zuele fir den Assurancësecteur no, haten 2022 134.549 Leit e Kontrakt "111bis" mat hirer Assurance gemaach  - do sinn d’Kontrakter vun de Banken net dran. Mee si hunn dat Joer 178 Milliounen Euro u Primmen abezuelt. Dat weist drop hin, datt déi Leit, déi esou eng Zousazpensioun ofschléissen, bei wäitem net esou vill abezuelen, wéi se kéinte vun de Steieren ofsetzen. Alles an allem hate si 1,548 Milliarden Euro ugespuert. Dës Produiten an de Regime existéieren zanter 1992. (Aca)

Genee wéi bei den Zousazpensiounen aus dem zweete Pilier huet een hei d’Méiglechkeet, all dat gespuerte Kapital beieneen op ee Coup ausbezuelen ze loossen, oder awer a Form vun enger Pensioun pro Mount. Ma déi meescht Leit loosse sech hiert Kapital op ee Coup ausbezuelen, fir et zeréck ze hunn a well déi Pensioune pro Mount relativ kleng ausfalen. Si sinn och weder indexéiert, nach ajustéiert.

Bei dëse Produite gëtt et zwou verschidden Zorten. Entweder e keeft een e "klasseschen" Liewensversécherungsproduit, wou den Assureur d’Primm investéiert an e maximale Rendement garantéiert. Oder et keeft een e Kontrakt, dee "Unit-linked" ass, deen also u Wäertpabeieren – d’units oder Unitéiten – gebonnen ass.

Den Ënnerscheed: Am éischte Fall kritt ee säin ugespuerte Kapital plus de garantéierte Rendement zeréck, wann d’Zousazpensioun ausbezuelt gëtt. Am zweete Fall kritt een dat, wat d’Wäertpabeieren wäert sinn, wann ausbezuelt gëtt. Dat ka méi sinn, wéi een u Primm bezuelt huet, wa se sech gutt entwéckelt hunn. Et kann awer manner sinn, wann hire Wäert gefall ass. (Kuckt och: Pilieren)