Effektive Pensiounsalter

Jee nodeems wéi eng Assurancëkarriär een huet, kann ee virum gesetzleche Pensiounsalter vu 65 Joer an d’Pensioun goen. An der Moyenne waren d’Leit zu Lëtzebuerg 2020 61,3 Joer al, wéi se hir Pensioun oder hir Fréipensioun geholl hunn. 2020 louch also den effektive Pensiounsalter bei 61,3 Joer. (Bilan technique du régime général d’assurance, 2022)
Dëst ass en ëmstriddene Punkt an der Pensiounsdebatt, well den effektive Pensiounsalter, also éischtens ënnert dem gesetzleche Pensiounsalter läit, a zweetens den effektive Pensiounsalter an eisen Nopeschlänner e bësse méi héich ass. Wat d’Leit awer éischter a Pensioun ginn, wat se méi laang eng Pensioun kréien. Dat kascht de Pensiounssystem also méi, wéi wa se méi spéit géingen an d’Pensioun goen. Dat ass awer just eng Säit vun der Medail. Op där anerer Säit ass et esou, datt wat ee méi laang schaffe geet a cotiséiert, ee méi eng héich Pensioun kritt, wat de Pensiounssystem och méi géing kaschten.
(Kuckt och: Gesetzleche Pensiounsalter)