Éischte Pilier
Den éischte Pilier ass déi gesetzlech Pensiounsversécherung. Fir déi Beschäftegt aus dem Privatsecteur an d’Salariéeën aus dem ëffentleche Secteur ass dat de Régime général d’assurance pension. D’Pensiounsversécherung vum Régime général gëtt geréiert vun der Caisse nationale d’assurance pension (CNAP).
D’Pensioune vun de Staatsbeamten an – Employéen, de Beamten an den Employéeë vum kommunale Secteur, esou wéi déi vun den Agents statuaires vun der CFL sinn iwwert de Régime spécial, respektiv iwwert de Regime spécial transitoire gereegelt, fir déi, déi virun 1999 beim Staat geschafft hunn oder do ugefaangen hunn.
D’Pensioune vun de Staatsbeamten an -employéeë ginn iwwert de “Fonds des pensions” am Staatsbudget bezuelt. D’Pensioune vun de Gemengebeamten an -employéeë ginn vun der Caisse de prévoyance des fonctionnaires et employés communaux (CPFEC) bezuelt. D’Pensioune vun den Agents statuaires vun der CFL ginn direkt vun der CFL ausbezuelt.
(Kuckt och: Pilieren)