Ëmlagesystem/verfahren
An engem Ëmlagesystem, wéi Lëtzebuerg en huet, finanzéiert eng Generatioun déi aner. Déijéineg, déi elo schaffen, finanzéieren d’Pensioune vun deenen, déi elo a Pensioun sinn. Dofir geet och alt vun engem Generatiounevertrag oder engem Kontrakt tëscht de Generatioune rieds: Déi jonk, aktiv Populatioun finanzéiert duerch d’Cotisatiounen, déi vun hire Paien ofgezu ginn, d’Pensioune vun der Generatioun, déi a Pensioun ass. Wat also méi Aktiver op ee Pensionéierte kommen, wat d’Belaaschtung fir de System méi kleng ass, well sech méi Aktiver déi finanziell Charge vun enger Pensioun deelen.
(Kuckt och: Coefficient de charge)
Am meeschte gelies