Fënnef Sechstel Pensioun
D’Beamten aus der Fonction publique krute bis zur Reform vun 1999 eng sougenannte fënnef Sechstel Pensioun. Hir Pensioun huet also fënnef Sechstel vun hirer leschter Pai entsprach. Wat d’Pai um Ënn vun der aktiver Karriär méi héich, wat also och d’Pensioun automatesch méi héich war.
Zanter der Reform setze sech d’Pensioune fir d’Fonction publique wéi am Privatsecteur aus engem forfaitairen Undeel an engem proportionellen Undeel zesummen. Fir si gëllt déi nämmlecht Pensiounsformel wéi fir d’Verséchert aus dem Regime général, fir d'Berechnung vun der Pensioun. Fir déi, déi scho virun der Reform vun 1999 eng Pensioun ze gutt haten, respektiv beim Staat agestallt goufen, gëllt en Iwwergangsregimm.
(Kuckt och Régimes spéciaux)
Am meeschte gelies