D’Fréipensioun kann een éischter huele wéi d’Alterspensioun, wann ee verschidde Konditiounen erfëllt.

Sou kënnen déi Beschäftegt, déi mat 57 Joer 40 Joer riicht duerchgeschafft a cotiséiert hunn (woubäi och Baby-Joren a Chômage zielen), da schonn hir Pensioun huelen. Dëst ass dann eng Pension de vieillesse anticipée.

Och wann ee mat 60 an d’Pensioun geet, ass dëst am Fong eng Fréipensioun oder Pension de vieillesse anticipée. Dofir brauch een eng Versécherungskarriär vu 40 Joer, woubäi op d'mannst fir 10 Joer cotiséiert gouf.
 
D’Fréipensioun oder Pension vieillesse anticipée ass net ze verwiessele mat der Préretraite.

(Kuckt och: Effektive Pensiounsalter, Préretraite)