Gender Pensiounsgap

Datt et nach laang keng gesellschaftlech a finanziell Gläichstellung tëscht Fraen a Männer gëtt, obwuel se vum Gesetz hir d’nämmlecht Rechter hunn, léisst sech aus verschiddene Statistiken erausliesen.
Den Genderpensiounsgap läit zu Lëtzebuerg bei iwwer 38 Prozent. Dat ass deen drëtthéchste Gap an der EU, no Malta an Holland an et heescht, datt de Fraen hir Pensiounen an der Moyenne ronn 38 Prozent méi niddreg sinn wéi de Männer hir. Domat sinn awer nëmmen déi Frae gemengt, déi iwwerhaapt Urecht op eng eege Pensioun hunn. Dobäi kënnt, datt et och e Gap an der Couverture gëtt wann ee kuckt, wéi vill Fraen a wéi vill Männer Urecht op enge eege Pensioun hunn.
Lëtzebuerg huet an der EU dee fënneft héchste Gap an der Couverture. (Pension adequacy report, 2024) D’Frae ginn och an der Moyenne méi spéit an d’Pensioun wéi d’Männer. Den Ecart ass zwar vu ronn 36 Méint nach virun 20 Joer op fënnef bis sechs Méint 2021-2022 erofgaangen. Ma do dernieft kréien d’Fraen däitlech méi niddreg Pensioune wéi d’Männer, besonnesch am Régime général. Sou kréie ronn 60 Prozent vun de Fraen am Régime général eng Pensioun vu manner ewéi 2.500 Euro. Dat erkläert sech doduerch, datt an deene Koppelen, déi elo am Pensiounsalter sinn, meeschtens d’Fra d’Kanner versuergt huet, an dowéinst guer net oder Deelzäit geschafft huet, woubäi d’IGSS keng genee Zuelen iwwert d’Deelzäitaarbecht vun de Pensionären huet. Mee bei der elo aktiver Bevëlkerung sinn et awer och elo d’Fraen, déi méi Deelzäit schaffen, wéi d’Männer. Bal en Drëttel vun de salariéierte Frae schafft der IGSS no Deelzäit, wärend et just aacht Prozent bei de Männer sinn. Ma wien Deelzäit schafft, verdéngt a cotiséiert manner a kritt dann herno och manner Pensioun.
Vun de lafende Pensiounen, déi musse bezouschosst ginn, fir datt se de Montant vun der Mindestpensioun erreechen, ginn der dann och 80 Prozent u Fraen. Frae stellen och déi iwwerwältegend Majoritéit vun deene Leit, déi eng Pension de survie, also eng Witwerent kréien. Dat erkläert sech zum Deel doduerch, datt hir Liewenserwaardung méi héich ass, wéi déi vun de Männer.