De gesetzleche Pensiounsalter oder Pensiounsantrëttsalter läit bei 65 Joer. Mat 65 kann een an d’Pensioun goen, wann een an op d'mannst 10 Joer Opweises huet, fir déi cotiséiert gouf. Nieft deene Jore gi fir d’Dauer vun der ganzer Karriär z'etabléieren och aner Joren unerkannt, zum Beispill déi wärend der Ausbildung oder dem Studium, déi sougenannte Periodes complémentaires. Dëst ass an der Pensiounsdebatt wichteg, well d’Patronatsvertrieder dofir plaidéieren, datt bei der Berechnung vun der Karriär just Joren unerkannt ginn, fir déi effektiv cotiséiert gouf. Duerch esou eng Ännerung, misst een also méi laang schaffe goe wéi bis elo, ier ee kann an d’Pensioun goen, respektiv, et géif op eng Kierzung vun der Pensioun erauslafen, wann ee mat 65 Joer keng Karriär vu 40 Joer Opweises huet.

Et ass awer och ënner bestëmmte Konditioune méiglech viru 65 Joer an d’Pensioun ze goen. Dofir gëtt an der Pensiounsdebatt den Ënnerscheed tëscht dem gesetzlechen an dem effektive Pensiounsalter gemaach, dee fir vill Leit viru 65 Joer läit. Dëst ass en ëmstriddene Punkt, well d’Leit ëmmer méi al ginn, also méi laang eng Pensioun bezuelt kréien. A wa se viru 65 Joer an d’Pensioun ginn, kréie se ëmsou méi laang hir Rent, ouni datt op där anerer Säit méi laang abezuelt gëtt.

(Kuckt och: Effektive Pensiounsalter, Perioden)