D’CNAP ass och zoustänneg fir d’Invaliderenten ze bezuelen, wann etabléiert ass, datt ee seng viregt Aarbecht oder soss eng, déi senge Kapazitéiten entsprécht, aus medezinesche Grënn net méi ka maachen.

Dofir muss een awer ënner 65 Joer al sinn an op d'mannst 12 Méint bannent den dräi Joer virun der Invaliditéit cotiséiert hunn. D’Invaliderent gëtt automatesch an eng Alterspensioun ëmgewandelt, wann déi Betraffe 65 Joer kréien. D’CNAP huet 2023 ronn 17 500 Invaliderente bezuelt. (Rapport annuel CNAP, 2023