Lafend Einnamen/Recetten

Mat de lafenden Einname sinn an dësem Kontext d’Kotisatioune gemengt. Déi belafe sech am Régime général aktuell jo op 24 Prozent vun der Masse cotisable vun den aktive Leit um Lëtzebuerger Aarbechtsmarché. Si evoluéieren deemno mat den Evolutiounen um Aarbechtsmarché an domat vun der Ekonomie - wat méi Leit zu Lëtzebuerg schaffen a wat déi méi verdéngen, wat d’Cotisatiounen an domat d’Recettë vun der Pensiounskeess méi héich sinn an ëmgedréint.
Dofir gëtt am politeschen Debat, notamment am Virfeld vu Walen oft driwwer gestridden, ob de Lëtzebuerger Sozialversécherungssystem vum Wirtschaftswuesstem ofhängeg ass, a wat dat fir Konsequenzen op d’Ëmwelt an d’Liewensqualitéit huet. (Kuckt och: Wuesstemsdebatt)
An deene leschte Jore sinn d’Recettë mol méi, mol manner séier geklommen, mee si louchen ëmmer iwwert den Ausgabe fir d’Pensiounen.