Lafend Ausgaben/Dépensen

Déi lafend Ausgaben am Régime général bestinn zum allergréissten Deel aus den ausbezuelte Pensiounen. Si sinn an deene leschten zéng Joer relativ staark an d’Luucht gaangen, vun 3,4 Milliarden Euro am Joer 2013 bis op 6,4 Milliarden Euro am Joer 2023.
An deene leschten zéng Joer ass awer och d’Unzuel un ausbezuelte Pensiounen nawell ferm geklommen, ëm an der Moyenne ronn 3,5 Prozent all Joers bis op 224.000 Pensiounen, woubäi do dran net just Fréi- an Alterspensiounen dra sinn, mee och d’Invaliderenten an d’Wittwen- a Weeserenten. Dobäi kommen awer och nach aner Ausgaben, déi alles an allem ronn 12 Prozent vun den lafenden Ausgaben ausmaachen.

Am meeschte gelies