Majorations forfaitaires
Déi forfaitär Majoratioune sinn ee vun dräi Haaptbestanddeeler vun der Pensioun, nieft de proportionelle Majoratiounen an der Allocation de fin d’année. Déi forfaitair Majoratioune sinn onofhängeg vun der Pai. Si baséieren op de Versécherungsjoren, woubäi hei net just déi obligatoresch Versécherungsjoren zielen (wou ee geschafft a cotiséiert huet), ma och déi aner Perioden, zum Beispill, d’Studienzäit, Kannererzéiungszäiten oder nokaafte Joren. Et ginn awer maximal 40 Joer fir d'Berechnung vun de forfaitaire Majoratioune consideréiert.
Den Taux de majoration, mat deem also multiplizéiert gëtt, läit fir Leit, déi 2024 an d’Pensioun gi bei 24,85 Prozent. Dëse Majoratiounstaux ass fir all Pensionéiert, déi an engem Joer an d’Pensioun ginn, deen nämmlechten, egal wéi vill se verdéngt hunn. De forfaitairen Deel vun der Pensioun mécht also hir Basis aus.
Bei der Pensiounsreform vun 2012 gouf decidéiert, dësen Deel vun der Pensioun ze stäerken. De Majoratiounstaux vun der forfaitairer Majoratioun geet also graduell all Joer bis 2052 bis op 28 Prozent an d’Luucht. All nei Kohort Pensionäre fänkt also mat engem aneren Taux un.
(Kuckt och: Majorations proportionelles, Taux de majoration)