Majorations proportionnelles
Déi proportional Majoratioune sinn ee vun dräi Haaptbestanddeeler vun der Pensioun, nieft de forfaitaire Majoratiounen an der Allocation de fin d’année.
Déi proportional Majoratiounen hänken dovun of, wéi vill ee verdéngt an domat cotiséiert huet. Virun der Pensiounsreform vun 2012 louch den Taux, fir déi proportional Majoratiounen ze berechnen, bei 1,85 Prozent. Ma well dat affichéiert Zil vun der Reform war, de forfaitairen Deel vun der Pensioun ze stäerken, gëtt op der anerer Säit dee proportionellen Deel méi kleng. Dat heescht, de Majoratiounstaux fir déi proportional Majoratioune geet bis 2025 op 1,6 Prozent erof.
Deen Taux kann een awer doduerch unhiewen, datt ee méi laang schaffe geet - da kritt een herno méi Pensioun. Dësen Ureiz gouf geschaaft, fir datt méi Leit solle bis de gesetzleche Pensiounsalter vu 65 Joer schaffe goen.
Wéi d’Reform gemaach gouf, huet den deemolege Sozialversécherungsminister Mars di Bartolomeo (LSAP), dowéinst vu "Pension à la carte" geschwat: Wat ee méi laang schaffe geet, wat ee méi Pensioun eraus kritt, wéi wann een éischter geet. Allerdéngs ginn d’Konditiounen, déi domat verbonnen si bis 2052 awer och ëmmer méi schwiereg, z’erfëllen.