Mammerent
D’Mammerent gouf 2002 ënnert dem Impuls vun der deemoleger Regierungspartei CSV agefouert. De Forfait d’éducation oder d’Erziehungspauschale, wéi d’Mammerent op franséisch, respektiv op däitsch heescht, ass net ze verwiessele mat de Baby-Joren oder den Educatiounsperioden, déi ee fir seng Versécherungskarriär ugerechent kritt.
D’Mammerent ass fir deen Elterendeel, deen d’Kanner versuergt huet an net schaffe gaangen ass – traditionell d’Fra, méi genee d’Hausfra, also d’Mamm. Ma no enger Reform kënnen och Elteren, déi geschafft hunn, d’Mammerent ufroen, virausgesat, datt fir dat concernéiert Kand net scho Baby-Joeren accordéiert goufen.
D’Mammerent beleeft sech op 86,54 Euro de Mount pro Kand an ass weder indexéiert, nach gëtt se ajustéiert. Si gëtt och net vun der CNAP, mee vum Fonds national de Solidarité (FNS) ausbezuelt. D’lescht Joer krut den FNS 678 Demandë fir eng Mammerent eran, an um Enn vum Joer goufen et 22.794 Beneficiairen. Si krute ronn 45,5 Milliounen Euro u Mammerent ausbezuelt. (FNS, rapport annuel 2023)
D’Unzuel u Mammerenten an de Montant, dee se kaschten, sinn an deene leschte Jore réckleefeg. Dat läit wuel haaptsächlech drun, datt ëmmer méi Fraen eng normal Pensioun kréien an am Kader dovu Baby-Joren ugerechent kréien.