Mindestpensioun

D’Mindestpensioun kann net manner wéi 90 Prozent vum Referenzmontant sinn (deen all Joer nei berechent gëtt), wann een eng Assurancëkarriär vu 40 Joer huet, wouzou zum Beispill och d’Studiejoren, zeréckkaafte Joren a fakultativ Periode gezielt ginn. Fir 2024 läit d’Mindestpensioun fir eng Persoun mat enger Karriär vu 40 Joer bei 2.244,82 Euro - dat ass also manner wéi de Mindestloun.
Fir déijéineg, déi keng Assurancëckarriär vu 40 Joer hunn, mee awer 20 Joer Opweises, geet d’Pensioun ëm 1/40 fir all Joer erof.
D’Gewerkschaftsvertrieder schreiwen an hirem Avis fir de Wirtschafts- a Sozialrot, datt d’Mindestpensioun misst ugehuewe ginn, well se ënnert de Seuil fir en dezent Liewe fält, deen de Statec ausrechent. A si läit och ënnert der Aarmutsgrenz. Deenen neiste Berechnunge vun der IGSS no goufen 2023 16,4 Prozent vun den 220.137 Pensiounen am Régime général bezouschosst, fir op d’Mindestpensiounen ze kommen. (QP 1040)