Maximalpensioun
Déi héchste méiglech Pensioun am Regime général kann net iwwert 5/6 vum fënneffache Referenzmontant leien. Dee gëtt all Joers nei berechent, domat ännert och all Joer d’Maximalpensioun.
Fir d’Joer 2024 sinn dat 10.392,67 Euro. Fir esou eng Pensioun z’erreechen, misst een awer 42 Joer um Plafond cotisable cotiséiert hunn, also wärend 41 Joer op fënnef Mol de Mindestloun. Dat ass zimmlech onwarscheinlech, also éischter en theoretescht Konzept.
Am meeschte gelies