Perioden

An enger Versécherungskarriär ginn et ënnerschiddlech Perioden.
- D’Périodes obligatoires: Dat sinn, graff vereinfacht, déi Zäiten an deene geschafft gouf - entweder als Salariée oder Independante - , oder Cotisatioune fälleg waren. Dozou gehéieren awer ënnert anerem och d’Baby-Joren an de Congé parental. Mee zum Beispill och de fräiwëllegen Déngscht an der Arméi, d’Zäiten, an deene Spëtzesport gemaach gëtt.
- Déi fräiwëlleg Weiderversécherung: Wann een aus iergendengem Grond net méi schafft, mee an deenen dräi Joer virdrun 12 Méint obligatoresch verséchert war, kann ee sech weiderversécheren. Wann déi Konditioun vun 3 Joer net erfëllt ass, kann ee sech fakultativ fräiwëlleg versécheren, wann ee seng Aarbecht wéinst der Famill reduzéiert oder opgehalen huet.
- Den Achat rétroactif, nokaafte Versécherungsjoren: Dëst ass méiglech, wann een am Ausland bei internationalen Institutioune geschafft huet, mee zanter 1999 och, wann ee beispillsweis säi Beruff opginn huet, fir d’Kanner ze versuergen oder soss familiären Ursaachen.
- D’Périodes complémentaires: Dat sinn ënnert anerem d’Studien oder Ausbildungsjoer, fir déi net cotiséiert gouf. Ma och déi Zäiten, an deenen een eng Invaliderent kritt. Och d’Educatiounsperiode fir kleng Kanner, déi iwwert d’Baby-Joren erausginn, falen hei drënner - och fir déi gi keng Cotisatioune bezuelt.
Den Detail vun den ënnerschiddleche Periode fannt Dir hei um Site vun der CNAP.
Déi ënnerschiddlech Perioden hunn eng ënnerschiddlech «Prise en compte» bei der Zesummesetzung vun der Versécherungskarriär, jee nodeems, wéini een an d’Pensioun geet.
D’Fréipensioun kann ee mat 57 huelen, wann ee 40 Joer Périodes obligatoires Opweises huet. Oder mat 60, wann een eng Karriär vu 40 Joer huet, wouvun der zéng musse Périodes obligatoires, fräiwëlleg verséchert oder nokaaft sinn, also en gros: Vu 40 Joer mussen der zéng drënner sinn, fir déi Cotisatioune bezuelt goufen.
Fir d’Alterspensioun mat 65 brauch een och 10 Joer cotiséiert Joer.
Am meeschte gelies